"Say So" ass um Doja Cat sengem 2. Album "Hot Pink" ze fannen.

Fakten
D'Doja Cat, biergerlech Amalaratna Zandile Dlamini, ass eng US-amerikanesch Rapperin, Sängerin, Songwriterin a Museksproduzentin. Mam Titel "Say So" stiermt d'Kalifornierin de Moment weltwäit d'Charts. Den Track gouf op sengem 2. Studioalbum "Hot Pink" de 7. November 2019 releast. Grouss Opmierksamkeet krut "Say So" vrun allem dono iwwert de Videoportal Tiktok, wou d'Fans Danzvideoen zu sengem Song erop lueden.

Aussergewéinleches:
D'Musek vum Doja Cat beweegt sech tëscht Hip-Hop, Pop an R'n'B. Een decisiven Deel vu sengem Sound ass de Doja Cat seng Stëmm, déi jee no Toun duuss an chilleg, peppeg oder bal hektesch ka sinn. Seng Texter si v Wuertspiller a Sarkasmus markéiert a goufe vun der Press als  „Hip-Hop-Dadaismus" bezeechent. Donieft leet d'Kënschtlerin grousse Wäert op di visuell Presentatioun. Di originell Museksvideoe weisen hatt zum Beispill als verspillten Android oder freche Skatepunk.

Fréier Hits
Säin Duerchbroch koum am Summer 2018 mat der Verëffentlechung vu senger Single "MOOO!" an dem passende Museksvideo, deen zu engem vun de bekanntste Memes vum Joer 2018 gouf. Weider erfollegräich Lidder vum Doja Cat sinn "Juicy", Tia Tamara" feat. Rico Nasty a "Candy".

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Nicki Minaj, Ariana Grande, Dua Lipa

Lauschtert eran: