De brittesche Sänger presentéiert déi 1. Single aus sengem 2. Album "Zero".

Fakten
De brittesche Sänger huet fir de 15. Mee säin 2. Album mam Titel "Zero" ugekënnegt. Am Virfeld huet hien doraus den Titel "Beautiful Faces" als Single ausgekoppelt.

Aussergewéinleches:
De McKenna schreift vill vu senge Lidder iwwer politesch Themen. Sou behandelt hien am Lidd "Paracetamol" de Suicid vun engem transsexuelle Jugendlechen, an am Lidd "Brazil" d'Korruptioun ronderëm d'Futtballweltmeeschterschaft am Joer 2014 a Brasilien. Bei sengen Optrëtter huet hien oft Glitzer am Gesiicht.

Fréier Hits
Éischten Hit hat den Declan McKenna mat "Brazil". E Song deen him zum Duerchbroch verhollef huet.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Dean Lewis, Alec Benjamin, & Syml

Lauschtert eran: