De "Pieces"-Sänger ass zréck mat enger neier Single.

Fakten
De brittesche Songwriter Declan J Donovan ass zréck mat enger neier Single. "Fighting With Myself" handelt dovun, déi Leit déi engem am nooste stinn, aus sengem Liewen eraus ze halen. Den Declan J Donovan huet sech fréier net drëm gekëmmert, haart ze schaffen oder gutt Notten an der Schoul ze hunn. Hien war liddereg an onmotivéiert. Hien huet ëmmer gemengt, hie kéint sech Problemer eleng léisen, awer hien huet jorelaang gebraucht fir ze realiséieren, dass d'i aner Leit just probéiert hunn him ze hëllefen.

Aussergewéinleches:
Seng Carrière  huet mat der Hochzäit vu sengem Brudder ugefaangen, fir déi hien de  Song „Fallen So Young“ geschriwwen huet. 6 Méint méi spéit huet hien d'Demoversioun vum Lidd erop gelueden an iwwer eng Millioun Klicks notéiert.

Fréier Hits
Een éischte groussen Hit hat den Declan J Donovan mat "Pieces". E Song deen am Ufank vun dësem Joer ageschloen huet an him zum Duerchbroch verhollef huet. Am Song "Pieces" geet et ëm e Kolleg, dee mat ville Problemer geplot ass. Mat sengem Lidd wollt de Museker dem Kolleg just soen, dat hie fir en do ass!

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Dean Lewis, Alec Benjamin, & Syml

Lauschtert eran: