Di schwedesch Sängerin a Pianistin ass zréck mat enger neier Single

Fakten:
Di schwedesch Sängerin a Pianistin Linda Carlsson ass besser bekannt als "Miss Li". No sengem Hit "Close Your Eyes" mam Felix Jaehn ass hatt elo zréck mat enger neier eegener Single mam Numm "Complicated".

Aussergewéinleches:
Scho wärend senger Jugend a senger schwedesche Heemecht, der Industriestad Borlänge, huet d'Miss Li mat Musek aus de verschiddenste Genren experimentéiert a war an diverse Bands als Sängerin aktiv. Well hatt seng an der Klengstad awer net wuel gespiert huet, ass hatt 2005 op Stockholm geplënnert.

Fréier Hits:
D'Miss Li ass eng schwedesch Sängerin a Pianistin. Charakteristesch fir seng Musek ass eng Mëschung vun Elementer aus Jazz, Pop, Blues, Soul a Country.  Bekannt gouf hatt, wéi seng Lidder an amerikaneschen Tëleesserien a Publicitéitsspotte benotzt goufen.  Sou war säi Song "Don't Try To Fool" an der Serie "Grey's Anatomy" ze héieren. D'Miss Li war och als Coautorin bei der Produktioun vum Album "Stardust" vum Lena Meyer-Landrut involvéiert a wierkt beim Song "ASAP" als Duettpartnerin mat,. Enn 2019 war hatt um Felix Jaehn Hit "Close Your Eyes" ze héieren.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Elle King, Nonono, Capital Cities

Lauschtert eran: