Mat „Jungle“ liwwert d'Newcomerin Millie Turner ee Popsong dee gutt Laun mécht.

Fakten:
Di 20 Joer al Singer-Songwriterin vu London huet mat 16 Joer säin éischte Song "Underwater" eraus . Seng Lidder si meeschtens déifgrënneg, hunn awer trotzdeem ëmmer ee verspillte, poppegen Dance-Sound. Mat „Jungle“ knäppt hatt un seng aner Lidder un. D'Millie Turner gesäit des nei Single als Aart Metapher fir säi Liewen an enger Groussstad. An engem Interview erkläert hatt, dass et do heiansdo chaotesch awer och wonnerschéi ka sinn  – wéi an engem Dschungel eeben.

Aussergewéinleches:
Eigentlech wollt d'Millie Turner just léieren Gittar ze spillen. Dobäi huet hatt awer lues a lues ganz Lidder komponéiert.

Fréier Hits:
D'Millie Turner war mat de Lidder Night Running" an "January" schonn op Eldoradio ze héieren.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Benee, Haim, Rae Morris

Lauschtert eran: