De Flume an de Toro y Moi presentéieren di gemeinsam Single „The Difference“.

Fakten:
Den Harley Edward Streten alias Flume ass een australeschen DJ a Produzent. Hien ass als Chamäleon vun der Elektronescher Musek bekannt. Downtempo, Alternative, Future Bass — et gëtt kaum eng Museksrichtung déi hien net ausprobéiert huet. Den Toro y Moi gëllt als Erfinder vum Genre "Chillwave" . Hir gemeinsam Single „The Difference“ ass een elektro-poppegen Drum’n’Bass-Song. Entstanen ass „The Difference“ iwwregens wärend just 2 Deeg.

Aussergewéinleches:
Ier de Flume an den  Toro y Moi „The Difference“ ugekënnegt hunn, gouf den Track schonn op Apple Music a Spotify geteast — allerdéngs ënnert dem Kënschtlernumm „300ZK Z31“. Fans sinn awer séier dohannert komm, wien dohannert stécht.

Fréier Hits:
Den Harley Edward Streten alias Flume ass een australeschen DJ a Produzent. Dem Flume säin Debütalbum vun 2012 huet d'Plaz 1 vun den australeschen Charts erreecht. Bei de Grammy Awards 2017 gouf säin Album "Skin" als beschten Dance/Electronic-Album ausgezeechent

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Snakehips, Chet Faker, Mura Masa

Lauschtert eran: