No Hits wéi "Sweet But Psycho" an "Torn" ass d'Ava Max zréck mat enger neier Single

Fakten:
Mam Titel "Kings & Queens" presentéiert di amerikanesch Sängerin d'Leadsingle vu sengem Debütalbum, deen dëst Joer eraus kënnt. "Kings & Queens" handelt thematesch dovun, wéi et wuel wär, wa Fraen géingen d'Welt regéieren.

Aussergewéinleches:
Duerch senger Mamm hir Virléift fir d'Oper ass d'Ava Max scho ganz fréi mat Musek a Kontakt komm. A senger Schoulzäit huet d'Ava Max dunn éischt Erfarungen als Sängerin op enger Bühn konnte sammelen. Mat 14 Joer huet hat mat der Hëllef vum Pharell Williams de Sprong an d'Museksgeschäft gepackt. Zu senge musikalesche Virbiller zielt d'Ava Max ënnert anerem d'Madonna, d'Gwen Stefani, d'Fergie an d'Christina Aguilera.

Fréier Hits:
Am August 2017 huet den amerikaneschen DJ a Produzent Le Youth den Titel "Clap Your Hands" released, op deem d'Ava Max als Gaascht-Musekerin ze héieren ass. Et war di éischt Single déi hat ënnert sengem Kënschtlernumm "Ava Max" erausbruecht hat. Am Joer duerno sollt hat bei Atlantic Records e Plackekontrakt ënnerschreiwen an ënnert anerem d'Singelen "My Way" a "Slippin" zesumme mam Gashi verëffentlechen. Am August vun deem selwechte Joer huet d'Ava Max dunn mat "Sweet But Psycho" säin Duerchbroch gefeiert. Mat sengen Hits "Salt",  "So Am I", "Freaking Me Out" an "Torn" huet hatt säin Erfolleg confirméiert.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Mabel, Camila Cabello, Dua Lipa

Lauschtert eran: