Di dänesch Band Lukas Graham presentéiert hir nei Single "Scars".

Fakten:
Di dänesch Band Lukas Graham huet sech am Genre Soul, Funk, Hip-Hop a Pop néier gelooss. Mat Hits wéi "7 Years" an "Love Someone" gouf si international bekannt. Elo hunn d'Museker sech zréck gemellt mat der neier Single "Scars" a schwätzen hei een Thema un, wat vill leit betrëfft.  All d'Mënschen hunn Narben, all wäerten iergendwann vun aneren oder sech selwer verletzt. Doriwwer ze schwätzen, deet gutt an  dat braucht de Mënsch och.

Aussergewéinleches:
Fir d'Premiere vun der Single hat sech de Frontmann Lukas Graham eppes Besonnesches ausgeduecht. Fir mat senge Fans och a Corona-Zäiten ze kommunizéieren, gouf et um "YouTube"-Channel vun der Band ee Livestream, bei deem de Sänger méi iwwer den Inhalt an d'Opnam vum Lidd erzielt huet.

Fréier Hits:
D'Band Lukas Graham vu Kopenhagen gëtt et schonn zanter 2010. Mat der Single "7 Years" hu si 2016 international fir grouss Begeeschterung gesuergt a si goufen domat 3 mol fir e Grammy nominéiert. Bis elo hunn di 4 Bandmemberen 3 Alben op de Maart bruecht.  "3 (The Purple Album)" hu si am Oktober 2018 eraus bruecht. Dorop ze fanne war och den Hit "Love Someone".

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
James Morrison, Alec Benjamin, Sam Smith

Lauschtert eran: