No "Dance Monkey" sinn Tones And I zréck mat neier Musek.

Fakten
D'Tones and I huet mat sengem Song "Dance Monkey" di international Charts gestiermt. Di australesch Singer-Songwriterin, déi hir Carrière ähnlech wéi The Passenger als Stroossemusekerin ugefaangen hat, gouf quasi iwwer Nuecht zum internationale Star. Elo ass hatt zréck mam Titel "Bad Child". An dësem Lidd erfëllt hatt sech de Wonsch, eemol eng aner Persoun ze sinn a versetzt sech an d'Perspektive vun engem "Bad Child".

Aussergewéinleches:
Viru senger Musekskarriäre huet d'Toni Watson alias Tones And I als Caissière an engem Geschäft geschafft, war awer an deem Beruff net frou. An obwuel Stroossemusek an Australien eng schwiereg Saach ass, an d'Konkurrenz immens grouss, huet dat him manner Angscht gemaach wéi am alen Job stiechen ze bleiwen. Dat léisst sech och op säi Lidd "Never Seen The Rain" iwwerdroen. Hei geet et nämlech em Leit, déi an hirem Muster gefaange sinn, aus Angscht ze versoen. Doduerch gesäit een Dag aus wéi deen aneren aus a si bréngen et ni fäerdeg, eppes Neies auszeprobéieren. Genee dozou wëllt Tones and I d'Leit mat sengem Song animéieren.

Fréier Hits
Fir Tones And I hätt et 2019 net besser lafe kënnen. Obwuel hatt eréischt zanter leschtem Joer Musek mécht, ass him mat "Dance Monkey" den internationale Duerchbroch gelongen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Izzy Bizzu, Zak Abel, Ella Eyre

Lauschtert eran: