Nom Album „Phoenix" vun 2018 ass d'Rita Ora zréck mat neier Musek.

Fakten:
D'Rita Ora huet mam Titel "How To Be Lonely" eng nei Single eraus bruecht. D'Lidd gouf vum Lewis Capaldi geschriwwen, deen um Lidd och Gittar spillt an am Background séngt. "How to Be Lonely” ass dem Rita Ora säin éischt neit Lidd fir dëst Joer, Säi leschten Album mam Titel "Phoenix" koum 2018 eraus.

Aussergewéinleches:
Eigentlech dréit sech dem Rita Ora seng nei Single ëm eng Trennung. Mee mat der Coronakrise huet "How to be lonely" fir vill Leit eng aner Bedeitung kritt  sech zu engem "Titelsong fir di aktuell Isoléierung" entwéckelt. Fir d'Sängerin kee Problem. "Sou hätten d'Mënschen elo wéinstens eppes, wat se lauschtere kéinten an där viller Fräizäit".

Fréier Hits
Säin Debütalbum hat et bis op Plaz 1 vun de briteschen Charts gepackt a mat  "I Will Never Let You Down" hat d'Rita Ora ee vun de gréissten Hits vum Joer 2014 gelant.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Jessie J, Rihanna, Natalia Kills

Lauschtert eran: