Den amerikanesche Sänger a Songwriter presentéiert mat "Actions" eng nei Single.

Fakten:
Den US-amerikaneschen R&B-Sänger a Songwriter John Legend huet mam Titel "Actions" seng nei Single eraus bruecht. Et ass een Avant-Goût op säin neie 7. Studioalbum, dee geschwënn eraus kënnt. Deem engen oder anere kënnt den Titel "Actions" vläicht e bësse bekannt fir, well den John Legend Samples vum Dr. Dre Titel "The Next Episode" hëlt. Déi éischt Liveperformance vum neie Song huet de Sänger an engem Instagram Livestream vun der #TogetherAtHome Serie vun der World Health Organization ginn.

Aussergewéinleches:
Och an der Filmbranche ass den John Legend aktiv: 2012 huet den John Legend den Titel “Who Did That to You” zum Quentin Tarantino-Film “Django Unchained” bäigesteiert. 2016 krut hien eng Roll am Filmmusical “La La Land”. Mam Ariana Grande huet hien am Duett d‘Titelmusek fir de Musical „The Beauty And The Beast“ gesongen.

 

Fréier Hits:
Mat "All of Me" hat den John Legend am Joer 2013 en éischte Charthit, an direkt e Number One Hit. D'Lidd sollt sech bis haut iwwer 12. Millioune mol verkafen. An de Jore virdru war den John Legend als Gaaschtmuseker fir d'Alicia Keys, Kanye West an och Jay Z aktiv. Ganz erfollegräich waren och  "Love Me Now", "P.D.A", "Save Room", an "Ordinary People".

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Alicia Keys, Ne-Yo & R. Kelly

Lauschtert eran: