D'Dua Lipa presentéiert eng weider Single vu sengem neien Album "Future Nostalgia".

Fakten
D'Dua Lipa presentéiert mam Titel "Break My Heart" ee weidere Virgeschmaach op säin 2. Studioalbum "Future Nostalgia", deen de 27. Mäerz 2020 eraus komme soll. Op der neier Single kombinéiert déi brittesch Sängerin Disco-Beats aus den 80er mat modernen Elektro-Kläng. D'Dua Lipa sampelt hei och den 80er Hit "Need You Tonight" vun INXS.

Aussergewéinleches:
Mat 15 ass d'Dua Lipa eleng op London geplënnert an huet als Model a Serveuse geschafft. Niewebäi huet hatt Coversongs op Youtube gepost. Säi Style nennt hatt gären „Dark Pop“.

Fréier Hits
Di Londoner Musikerin ass schonn vun BBC an MTV Europe fir Auszeechnungen nominéiert ginn a krut den NME-Award an der Kategorie "Best New Artist", grad wéi 2 "European Border Breakers"-Awards.  D'Singelen "Be The One", "Hotter Than Hell" oder "Lost In Your Light" zesumme mam Miguel hunn d'Sängerin ganz séier bekannt gemaach.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Halsey, Zara Larsson, Lorde

Lauschtert eran: