Nom Hit "Be Yours" ass den hollänneschen DJ zréck mat enger neier Single.

Fakten:
Den Titel "Desire" ass di nei Single vum hollänneschen DJ/Produzent Falco van den Aker alias "Deepend". Bekannt ass den Deepend fir säin melodiéisen Deep House-Style. Dee Style fënnt een och op senger neier Single "Desire"- eng Neioplo vum 2014er-Radio-Hit "Owl" vun She Keeps Bees. De Produzent ënnerleet d'Melodie vun dësem Song mat engem entspaanten Deep-House Instrumental. D'Konzept kenne mer ënner anerem och vu verschiddene Robin Schulz Singelen.

Aussergewéinleches:
Den Deepend gouf no sengem Remix vum Matt Simon's Titel "Catch & Release" international bekannt. Um hollännesche Radio war dëse Remix dee meescht gespilltste Song 2016.

Fréier Hits
Den Deepend ass bekannt fir erfollegräich Singele wéi "Runaways", "Woke Up In Bangkok" an natierlech de Smash Hit Remix vum Matt Simons Titel "Catch & Release". Enn 2019 hat hien mam Titel "Be Yours" ee weideren Hit.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Feder, Bakermat, Lost Frequencies

Lauschtert eran: