"Like It Is" - sou heescht deen neien Tropical House-Hit vum norwegeschen DJ Kygo, der schwedescher Sängerin Zara Larsson an dem amerikanesche Rapper Tyga!

Fakten:
Kygo, Zara Larsson an Tyga hu virun e puer Deeg hir gemeinsam Single "Like It Is" eraus bruecht. Den neie Song ass deen éischte Virgeschmaach op dem Kygo säin nei Studioalbum "Golden Hour", deen am Summer 2020 eraus kënnt. De Kygo huet "Like It Is" zesumme mam brittesche Popstar Dua Lipa geschriwwen.  

Fréier Hits:
De Kygo ass een norwegeschen DJ a Museksproduzent. Hie gehéiert zu de bekanntsten Interprete vum Tropical House. Zu sengen erfollegräichste Lidder gehéieren "Higher Love" Feat. Whitney Houston an"It Ain't Me" Feat. Selena Gomez. D'Zara Larsson ass eng Popsängerin aus Schweden. Groussen Erfolleg hat hatt mat Lidder wéi "Lush Life" an "Never Forget You" Feat. MNEK.  Den Tyga ass een US-amerikanesche Rapper a Museksproduzent. Säin Duerchbroch hat hie mat der Single "Rack City".

Aussergewéinleches:
De Kyrre Gørvell-Dahll ass ënnert sengem Kënschtlernumm Kygo ënnerwee. D'Aussprooch vu sengem Pseudonym gëtt souwuel an norwegescher (kyːɡuː), wéi och englescher Form (kaɪɡoʊ) gebraucht.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Robin Schulz, Sam Feldt, Felix Jaehn

Lauschtert eran: