"Hold Me Close" ass déi éischt Kollaboratioun vum Sam Feldt an Ella Henderson.

Fakten:
Zanter der Produktioun vum “Show Me Love“-Remix vun 2015 ass den hollänneschen DJ a ganz Europa bekannt. Och an de Joren dono huet hie gewisen, dass hien et fäerdeg bréngt, Pop- an Dance-Musek ze kombinéieren. Sou gouf virun engem Joer seng Single “Post Malone“ een internationalen Hit. Mam Ella Henderson huet de Sam Feldt elo mat enger talentéierter Pop-Sängerin zesumme geschafft, déi virun e puer Joer mam Titel "Ghost" bekannt gouf. De Sam Feldt hofft, dass hie mam Lidd d'leit doheem an der Stuff un d'Danze bréngt an hien hinne kann e bësse gutt Laun vermëttelen.

Aussergewéinleches:
Sam Feldt ass guer net dee richtegen Numm vum DJ, eigentlech heescht hie Sam Regers. Dat war him awer ze oncool.

Fréier Hits
Mat der Single "Show me Love" gouf de Sam Feldt 2015 bekannt. Zejoert hat hien den Hit "Post Malone" eraus bruecht. Di 24 Joer al Sängerin Ella Henderson huet scho mat Museker wéi Kygo, Sigala oder Sigma zesumme geschafft an kuckt op e puer Nummer-1-Placéierungen a Groussbritannien zréck.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Lost Frequencies, Felix Jaehn, Klingande

Lauschtert eran: