Benee a Gus Dapperton maachen a "Supalonely" dat Bescht aus hirer Quarantän.

Fakten
Eigentlech wollt d’Benee am Lidd „Supalonely“ just vu senger leschter Trennung erzielen. Dass sech domat elo all Mënsch identifizéiert, well mir all doheem bleiwe mussen, hätt hatt wuel selwer net geduecht. Zesumme mam Sänger Gus Dapperton huet hatt een danzbare Bedroom-Indie-Pop Song geschafen, deen an Zäiten vu Social Distancing gutt Laun mécht.

Fréier Hits:
D'Benee huet sech als neuséilännesch Kënschtlerin mat sengem Hit „Soaked“ bekannt gemaach. De Song gouf am australeschen Triple-J-Radio Hottest 100 vun 2018 opgelëscht a war 2 Méint laang d'Nummer 1 vun den neiséilänneschen Shazam Top 100. Ausserdeem gouf de Song an Neiséiland an Australien mat Gold ausgezeechent.

Aussergewéinleches:
D'Benee ass an der neiséilännescher Uertschaft Auckland an enger kreativer Gemeinschaft opgewuess an huet sech scho fréi fir Konscht intresséiert. Nodeems d'Benee e puer Coverversiounen op SoundCloud gesat huet, huet hatt zesumme mam  Produzent Josh Fountain éischt eege Lidder.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Julia Michaels, Lauv, Dean Lewis

Lauschtert eran: