D'NEA ass eng Newcomerin aus Schweden, wat mat "Some Say" seng éischt Single eraus bréngt.

Fakten
Di schwedesch Sängerin NEA huet mat „Some Say“ hir Debüt-Single eraus bruecht. Och wann een et net direkt héiert, handelt et sech bei senger éischter Single ëm ee Sample. Well d'NEA huet sech um Eiffel 65 Titel „I’m Blue (Da Ba Dee)“ aus dem Joer 1998 inspiréiert. Beim NEA ass doraus ee ganz intime Popsong entstanen, ganz anescht wéi d'Original.

Fréier Hits:
An „Some Say“ geet et ëm eng onerfëllte Léift, déi een net lass loosse kann. D'NEA gouf vun engem Gespréich mat engem Kolleege inspiréiert, dee schwul ass a sech an ee Frënd verléift hat. Deen ass allerdéngs an enger Bezéiung mat engem Meedchen. An obwuel dës Léift aussiichtslos schéint, ass et am Lidd de Message, dass et sech lount, fir du grouss Léift ze kämpfen an net ze séier opzeginn.

Aussergewéinleches:
D'Linnea Södahl alias NEA war Member vun der inoffizieller schwedescher Songwriting-Nationalequipe an huet als Co-Autorin Lidder fir Zara Larsson, Felix Jaehn an Anne-Marie geschriwwen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Ava Max, Shaed, Tones And I

Lauschtert eran: