Den norwegeschen DJ a Produzent ass zréck mat enger neier Single

Fakten
Ufank Abrëll huet den Alan Walker zesumme mam norwegeschen Arist Ruben eng nei Single eraus bruecht. "Heading Home" ass allerdéngs guer net sou nei, wéi ee kéint mengen. Geschriwwe gouf de Song kuerz no "Faded" an huet deemno schonn e puer Joer um Bockel.

Fréier Hits
Mat sengem Remix “Faded” vu senger eegener Single “Fade” huet et den Alan Walker am Joer 2015 fir d'éischt un d'Spëtzt vun den internationalen Charts gepackt. Den norwegeschen DJ a Produzent huet dono weider Nummer-1-Hits eraus bruecht, a stoung bei bekannte Festivaller op der Bühne.

Aussergewéinleches
"Diamond Heart" ass dat 3. a lescht Kapitel vun der ‘World Of Walker’-Trilogie. Déi 1. zwee Deeler vun der Trilogie waren “All Falls Down” feat. Noah Cyrus an Digital Farm Animals grad wéi dat 2. Kapitel “Darkside” feat. Au/Ra und Toxine Harket.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Lost Frequencies, Jonas Blue, Sam Feldt

Lauschtert eran: