De britteschen DJ a Produzent ass zréck mat enger neier Single

Fakten
De britteschen DJ a Produzent Joel Corry hat 2019 een éischten internationale Succès mam Titel "Sorry", Elo ass hien zréck mat senger neier Single "Lonely".

Fréier Hits
De Producer Joel Corry gouf eigentlech duerch seng fréier Bezéiung bekannt. An der MTV Reality-Serie "Geordie Shore" war hie bis 2013 mat senger deemoleger Frëndin Sophie Kasaei ze gesinn. 2 Joer méi spéit huet hien seng éischt 2 Lidder eraus bruecht. Ofgesi vun der Musek ass den Joel och soss gutt am Geschäft. Nieft sengem Musekslabel, huet hien ee Personal Training Business um Lafen, eng Fitness-App an hien huet ee Kleeder-Label.

Aussergewéinleches
Et gëtt warscheinlech just wéineg Refrainen, déi mir de Moment besser novollzéie kënnen, wéi dee vu "Lonely".  Am Lidd geet et awer net wéi ee kéint mengen ëm Social Distancing. Am Titel "Lonely" geet et villméi ëm den Ex-Partner, dee Schluss gemaach huet, seng Ex-Frëndin dann op eemol awer zréck wëllt.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Dom Dolla, Jonas Blue, Dynoro

Lauschtert eran: