No "I'm Not Alright" sinn Loud Luxury zréck mat enger neier Single

Fakten
No Hits wéi "Body“ an "I'm Not Alright" sinn di 2 Kanadier Andrew Fedyk an Joe De Pace aka Loud Luxury mat hirer neier Single "Aftertaste“ zréck. Ënnerstëtzung hu sech Loud Luxury vun der amerikanescher Sängerin Morgan St Jean geholl. D'Single ass op hirer neier EP "Nights Like This EP" ze fannen.

Aussergewéinleches:
Bei den Juno Awards 2019 hu Loud Luxury mat "Body" den Juno Award fir di bescht Dance Single vum Joer gewonnen.

Fréier Hits
Bekannt goufe Loud Luxury 2017 duerch ee Remix vun der Martin Garrix Single "Scared to Be Lonely". Mat der Single "Body" hate si och een internationalen Hit.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Dynoro, Gaullin, Ofenbach

Lauschtert eran: