Twenty One Pilots melle sech mat hirer neier Single  "Level of Concern" zréck.

Fakten
D'leschte Freideg hunn Twenty One Pilots hir neiste Single "Level of Concern" eraus bruecht. Geschriwwen a produzéiert gouf dat neit Lidd wärend der aktueller COVID-19-Pandemie. Op Twitter huet d'Band erkläert, dass den neie Song soll Hoffnung spenden an dëser schwiereger Zäit spenden soll. D'Recette vun "Level of Concern" sollen dobäi un Crew Nation, ee weltwäiten Hëllefsfong fir Livemusek-Crews, gespent ginn.

Fréier Hits
Twenty One Pilots ass een US-amerikanesche Museker-Duo vun Ohio. D'Twenty One Pilots" Band besteet aus den 2 Memberen Tyler Joseph an Josh Dun. Kuerz no der Bandgrënnung am Joer 2009 hunn si hiren éischte Studioalbum eraus bruecht. Hiren internationalen Duerchbroch hate si mat hirem 4. Album "Blurryface", op deem och déi zwou Hitsingelen "Stressed Out" an "Ride" ze fanne sinn.

Aussergewéinleches
Twenty One Pilots spillen Videospiller net just am Tourbus oder doheem op der Kusch, mä och op der Bühn. Bei engem Concert zu Rhode Island hat de Sänger Tyler eng Ronn Mario Kart géint ee Fan gespillt. Deen hat des exklusiv Gaming-Session zwar gewonnen, gouf vum Twenty One Pilots-Sänger trotzdem ofgezunn. Fir ongewöhnlech Bühnen-Performances sinn Twenty One Pilots och soss ze hunn: 2015 gouf Tattooen am Partnerlook, live op der Bühn gestach.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Panic at The Disco, Bastille, Imagine Dragons

Lauschtert eran: