Den Troye Sivan trëfft mat senger Single "Take Yourself Home" dat aktuellt Gefill vun der Corona-Isolatioun.

Fakten:
Eigentlech sollt de Song eréischt méi spéit am Joer eraus kommen, awer natierlech ass och den Troye Sivan vun der aktueller  Situatioun betraff. Hien ass de Moment bei senger Famill a senger australescher Heemecht a Quarantän an huet fonnt, dass hien d'Lidd och gutt elo schonn eraus brénge kéint.

Aussergewéinleches:
Mat engem Zoom-Meeting vun der besonnescher Aart huet den Troye Sivan de Release vu senger neier Single “Take Yourself Home” gefeiert. Hien huet d'Zougangsdaten publizéiert a seng Fans op ee virtuelle Rendez-Vous invitéiert.

Fréier Hits
Den Troye Sivan ass een australeschen Sänger, YouTuber a Schauspiller. Säin internationalen Duerchbroch hat hien 2015 mat der Single "Youth".

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Benny Blanco, Dean Lewis, Years & Years

Lauschtert eran: