Dee perfekte Summer-Track! Mat „Ily (I love you Baby)“ kann een doheem vu Vakanz dreemen.

Fakten:
Mat senger neier Single „Ily (I love you Baby)“ huet den Newcomer-DJ Surf Mesa de Klassiker „Can't take my eyes off you“ vum Frankie Valli nei opgeluecht. Dofir huet hie sech d'Newcomerin Emilee mat an d'Boot geholl an zesumme suergen di 2 mat LoFi-Beats fir dee perfekte Vakanzefeeling.

Aussergewéinleches:
De Surf Mesa heescht mat richtegem Numm Powell Aguirre. Eigentlech wollt hien op enger Technik-Héichschoul zu Seattle studéieren, mee sou wäit ass et net komm: Kuerz virdrun huet hie sech d'Bee gebrach a war gezwongen, 3 Wochen am Bett leien ze bleiwen, sou dass hie ganz vill Zäit fir seng Musek hat. Doduerch gouf him ëmmer méi bewosst, dass hien wéilt haaptberufflech Musek produzéieren.

Fréier Hits
De Surf Mesa ass grad mol 19 Joer al a mécht trotzdeem schonn zimmlech laang Musek. An engem Interview verréit hien, dass hie sech an der 3. Klass mat der Hëllef vu sengem grousse Brudder eng Museksproduktiouns-Software erof gelueden huet. Bäibruecht huet hie sech alles duerch Youtube-Tutorials. Als Ënnerstëtzung huet hien d'Emilee Flood engagéiert. Di 20 Joer al Musekerin kann net just gutt sangen, mee gëtt och als Tik Tok-Star zimmlech ofgefeiert.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Sam Feldt, Lost Frequencies, Felix Jaehn

Lauschtert eran: