Nom Dancefloor-Hit "In my Arms" ass den däitsche Producer zréck mat enger weiderer Single.

Fakten
De Kapp hannert Purple Disco Maschine ass den Tino Piontek aus Dresden. An de leschten 12 Méint war den Timo vrun allem als Remixer aktiv- fir Staren wéi Dua Lipa, Mark Ronson an Robert Surace. No sengem rezenten Dancefloor-Hit "In my Arms" ass den däitsche Producer zréck mat enger weiderer Single, den Titel "Hypnotized". Mat Sophie and the Giants huet hie sech heifir Ënnerstëtzung vun enger jonker brittescher Indieband geholl.  

Fréier Hits
An de leschte puer Joer huet den däitschen DJ Tino Piontek, besser bekannt als Purple Disco Maschine, mat sengem Disco-House-Stil den Duerchbroch gepackt. Seng Single "Devil In Me" hat méi wéi 35 Millioune Streams, den Titel  "Body Funk" méi wéi als 20 Milliounen. Vru kuerzem hat hie mat "In my Arms" ee weideren Hit.

Aussergewéinleches
Och d'Remixer vun Purple Disco Maschine kënne sech weise loossen. Dobäi sinn zum Beispill Remixer fir Jax Jones, Years & Years, Fat Boy Slim a Calvin Harris.


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Claptone, Tensnake, Bakermat

 

Lauschtert eran: