Neie Power-Duett tëscht dem Sam Smith an Demi Lovato

Fakten
No senger erfollegräicher Single “To Die For” huet sech de Sam Smith elo mam Popstar Demi Lovato zesumme gedinn an am Titel "I'm ready" eng nei Single eraus bruecht. D'Fans vum brittesche Sänger kënne sech op nei Musek freeën, obwuel de Release vu sengem 3. Studioalbum jo verréckelt gouf. Di nei Single ass ee richtege Power-Duett vun den 2 Popstaren mat engem Refrain, deen an d'Ouer geet: “I’m ready for someone to love me”.

Aussergewéinleches
Am Video zur Single gewënnt den Duo eng Rei vun olympesche Competitiounen. Di 2 treffe sech, begleet vun engem Gospelchouer, an enger emotionaler Medaillenzeremonie. 

Fréier Hits
Iwwerdeems d'Demi Lovato viru kuerzem seng nei Single "I Love Me" eraus bruecht huet, ass de Sam Smith mat der Ballade "To Die For" an den Charts.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Adele, James Arthur & John Legend

Lauschtert eran: