Dësen amerikaneschen Elektropop-Duo "Surfaces" gouf duerch d'Plattform Tiktok bekannt.

Fakten
Surfaces si mat hirem Song "Sunday Best" um gudde Wee en Hit fir di waarm Deeg ze liwweren. Dass de Song grad sou duerch de Plafong geet, läit och un der TikTok-Community. Zu "Sunday Best" gëtt et mëttlerweil e sëllege Videoe bei der Social Media-Plattform.

Aussergewéinleches
De Song hu Surfaces bannent 20 Minutten am Schlofzëmmer opgeholl. De Kleederschaf war dobäi d'Gesangskabinn. D'Chimie beim Duo passt. De Padalecki schreift an arrangéiert d'Lidder, de  Forrest Frank séngt a produzéiert se. Do ass dann och d'Distanz tëscht deenen 2 net méi sou wichteg . Am Ufank hunn si wäit vuneneen ewech gewunnt. Iwwerdeems de Forrest zu Seattle gewunnt huet, war de Colin zu San Antonio doheem. Dat si ronn 33 Stonnen Autofahrt.

Fréier Hits
D'Lidd "Sunday Best" grad wéi de Video dozou si schonn Mëtt 2019 eraus komm. Richteg bekannt gouf de Song awer eréischt Ufank 2020, nodeems et massiv op TikTok gedeelt gouf. Säitdeem huet den Titel et a ville Länner an d'Charts gepackt, dorënner Australien, Kanada, Däitschland, UK an USA. D'Lidd ass och um 3. Studioalbum vun de Surfaces ze fannen mam Titel "Horizons" deen am Februar eraus koum.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Doja Cat, Bazzi, Blackbear

Lauschtert eran: