D'Selena Gomez ass op der Sich no engem neie „Boyfriend“.

Fakten
Pünktlech fir de Release vun der Deluxe Versioun vum Album „Rare“, bréngt d'Selena Gomez seng nei Single „Boyfriend“ op de Maart. Däitlech méi elektronesch, wéi beispillsweis nach d'Ballade „Lose You To Love Me“ an domat och eendäiteg méi danzbar. Dat gëtt och schonn op TikTok ausprobéiert. Kloer, de Song huet duerch Lyrics wéi „I want a boyfriend (Uh-huh)/Tell me, are there any good ones left?“ op alle Fall Meme-Potential.

Fréier Hits
Seng Musekskarriäre begann Gomez am Joer 2008. Bekannten Hits sinn "I Want You To Know" zesumme mam DJ Zedd, "Wolves" zesumme mam Marshmello an 2019 hat hatt schliisslech säin éischten eegen Hit mat "Lose You To Love Me".

Aussergewéinleches:
Iwwerdeems d'Selena an „Boyfriend“ zwar gären eng Persoun op senger Säit hätt, stellt hatt op Social Media kloer, dass d'Sich aktuell net zu senge Prioritéite gehéiert. An Zäite vu Corona wieren him Sécherheet an Erhuelung vill méi wichteg, wéi de Rescht vun der Welt. 

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Miley Cyrus, Demi Lovato, Rihanna

Lauschtert eran: