De Lost Frequencies huet eng nei Single mam Titel "Love to go"

Fakten
Hanner Lost Frequencies stécht de belschen DJ Felix De Laet. Zesumme mam Kelvin Jones huet hien elo seng nei Single "Love to go" eraus bruecht. Dësen Titel ass iwwregens net um aktuellen Album "Alive and Feeling Fine" vum Lost Frequencies ze fannen.

Fréier Hits
De belschen DJ Lost Frequencies ass bekannt duerch Hits wéi „Are You With Me“ oder „Reality“.

Aussergewéinleches
Den DJ Lost Frequencies sëtzt aktuell am Confinement a senger Wunneng an der Belsch. Seng nei Single huet hien doheem aus senger Stuff virgestallt an nach ee kompletten DJ-Set dobäi geliwwert.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
DJ Snake, The Chainsmokers, Sam Feldt

Lauschtert eran: