De UK-Singer-Songwriter presentéiert seng nei Single "Love You Sober"

Fakten
De brittesche Singer-Songwriter Rhodes presentéiert seng nei Single „Love You Sober“. Deen emotionalen Song ass op senger neier EP „I’m not ok“ ze fannen.

Fréier Hits
2015 hat den David Rhodes alias Rhodes mat der Single "Close Your Eyes" een éischten Chartserfolleg a senger Heemecht. Ee weidere Succès hat hie mam Titel "Let it all go", een Duett mat der Sängerin Birdy.

Aussergewéinleches
Den David Rhodes war 11 Joer al, wéi hien ugefaangen huet Gittar ze spillen. Laang huet hie just Lidder vun anere Museker nogespillt, ier hie mat 23 eng musikalesch Carrière mat eegen Lidder ugefaangen huet.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
James Arthur, Tom Odell, Gavin James

Lauschtert eran: