De Marcus Mumford huet mam Produzent Major Lazer e Lidd opgeholl.

Fakten:
Bei der Kollaboratioun weist sech de Mumford & Sons- Sänger vun enger anerer méi roueger Säit, an och fir d'Produzenten-Team Major Lazer ass de Sound vum Lidd däitlech méi reduzéiert wéi et et vun hinne gewinnt ass.

Aussergewéinleches
Am Video zu „Lay Your Head On Me” si Kënschtler aus der ganzer Welt ze gesinn, déi zum Beispill beim Song danzen, Gei oder Flütt spillen.  Corona-gerecht alles selwer vun de Museker opgeholl. Beim Marcus Mumford selwer klappt dat mat der Performance vun doheem aus als éischt net sou gutt . Bei Instagram huet de Museker e Video gepost bei deem hie weist wat alles schif geet. Mol billt den Hond, mol bläert de Bëbee, de Marcus muss e puer nei ufänken.

Fréier Hits
Di dänesch Sängerin MØ hat mat Major Lazer schonn 2015 de Risenhit "Lean On".

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Zedd, The Chainsmokers, Galantis

Lauschtert eran: