Di Lëtzebuerger Poprockband Mad Fox ass zréck mat neier Musek.

Fakten:
Nom Titel "Who Pulls The Strings" vun 2019 ass di Lëtzebuerger Poprockband Mad Fox zréck mat der neier Single "Anna". Am Laf vun dësem Joer wëllen d'Museker nach weider Lidder eraus bréngen. Concerten hu si wéinst de Corona-Mesure bis op Weideres keng geplangt.

Aussergewéinleches
Ugefaangen huet dat ganzt als Soloprojet vum Sänger Jimmy Leen. Mëttlerweil sinn Mad Fox zu 6 ënnerwee u Batterie, Bass, Gittar, Piano, a ganz vill Backing Vocals.

Fréier Hits
Mat Lidder wéi „Bubble“ oder „Hush“ oder haten et Mad Fox ganz wäit fir an den Eldoradio Chartbreaker gepackt.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Oasis, Kooks, Travis

Lauschtert eran: