D'Tash Sultana presentéiert mat "Pretty Lady" di 1. Single vu sengem 2. Studioalbum

Fakten:
Di jonk Multiinstrumentalistin Natasha Sultana gëtt de Moment als neit grousst Talent gefeiert. Hatt huet seng Originnen am Reggae an am Folk, an der klassescher Singer/Songwriter-Traditioun grad wéi am R’n’B a bréngt et fäerdeg, mat senger magescher Stëmm ee ganz eegene Sound ze schaafen. Seng nei Single "Pretty Lady" ass deen éischten Extrait vum 2. Studioalbum, deen nach dëst Joer eraus kënnt.

Fréier Hits:
Zu Melbourne huet d'Tash Sultana jorelaang seng Suen als Stroossemusekerin verdéngt. Virun e puer Joer huet hatt domat ugefangen, a senger Stuff Videoen vu senge Livesessions ze dréien. Seng "Live Bedroom Recording"-Clips goufen an de sozialen Netzwierker ëmmer weider gedeelt. Dono ass et ganz séier gaangen : Seng 1. EP "Notions" huet et op Platz 8 vun den australeschen Charts gepackt. Mat der Single "Murder to the Mind" gouf hatt och an Europa bekannt.

Aussergewéinleches:
Wat maachen, wann een e Lidd eraus bréngt, just nach de Video feelt a Corona dann e Stréch duerch d'Rechnung mécht. D'Tash Sultana huet de Video vu Fans, Frënn a vu senger Famill maache gelooss a gläich nach eng Internet-Challenge doraus gemaach. Ier „Pretty Lady“ eraus koum, huet hatt de Frënn a Fans e Virgeschmaach vum Song geschéckt. Déi sollten sech da beim Danzen filmen a fäerdeg war de Museksvideo.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Gypsy and the Cat, Big Scary, Pnau

Lauschtert eran: