No sengem Megahit "Ride It" ass de Regard elo zréck mat enger neier Single.

Fakten:
Fir seng nei Single "Secrets" huet den DJ sech mat der Londoner Singer-Songwriterin Raye zesumme gedinn.  Et ass déi éischt Kollaboratioun tëscht béide Museker.

Aussergewéinleches:
De Regard huet schonn am Kannerzëmmer bei sengen Elteren am Kosovo ugefaangen, Musek ze maachen. Den Erfolleg huet awer op sech waarde gelooss. Obwuel hie scho 7 Joer am Geschäft ass, leeft et eréischt säi kuerzem richteg  gutt fir hien.

Fréier Hits
Mëttlerweil zielt de Regard zu de Leaderen vun der Deep House-Szene. Hien ass immens produktiv an éiergäizeg. Mat der "Ride It" hat hien zejoert ee weltwäiten Nummer-1-Hit.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Meduza, Lost Frequencies. Sam Feldt

Lauschtert eran: