
© Eldoradio
De Podcast, deen do stattfënnt, wou déi déifgrënnegst Theme beschwat ginn - an der Buvette. De Gilles Immer, Dylan Vogel a Ben Vogel lafen dem ronne Lieder net nëmme selwer no, se schwätzen och schrecklech gären driwwer. Vun der Currywurst am Stadion bis zu taktesche Meeschterwierker am Lëtzebuerger wéi internationale Fussball, brénge si hir gedanklech Doppelpäss ënnert d'Leit. All Woch gëtt sech an der Buvette iwwert Aktuelles aus der Fussballwelt ënnerhalen.
Episod 115 - Luerenzweiler meets Buvette
Et gouf laang driwwer geschwat a laang ugekënnegt dass d'Luerenzweiler Ekipp e puer Minutten an der Buvette kritt. No sou enger Saison kréien se elo eng ganz Episod an der Buvette. Vill Gebraddels a vill Infoen iwwer d'Opstigssaison vu Luerenzweiler an dëser Episod Buvette.
Lauschtert hei déi nei Episod: