Eisen Alldag: sou banal an dach sou komplex! Mir, dat sinn d'Jil an de Gil, thematiséieren an analyséieren den Alldag vum 0815 Mënsch - an do kënnt schonn déi éischt Fro op: Firwat bezeechne mer iwwerhapt eppes als 0815? A wat geschitt, wann d'Routine vun engem Gil op d'Kopp geheit gëtt, wann op eemol de Feiermelder uspréngt an de Steak aus der Fënster geheit gëtt? Dës a vill weider Storyen ginn et geschwënn am neie Podcast Croque-monsieur! Setzt iech ma mat eis un den Iessdësch wann et heescht: Croque-monsieur, d'Snackpaus mat de liichtverdaulechen Themen - All zweeten Donneschden op eldo.lu.

Episod 4: #4 Fische wissen wer der Babo ist
An Europa ass de Gil just e sensibele Fësch am grousse Mier. An Asien awer wäert him an Zukunft de groussen Duerchbroch geléngen, dat als Aushängeschëld fir Peace & Love. Merci un all seng Fans, déi de Wee an d'Metropol Hallstatt fonnt hunn a Schlaang stounge fir mat eisem Star eng Foto ze maachen!

D'Jil dogéint huet sech onbeléift gemaach, well hatt keen Drénkgeld ginn huet. Laut dem Horoskop ass hatt jo u sech harmoniesüchteg an (ze) diplomatesch, mee och beim Autofuere koum hatt des Kéier u seng Grenzen. De Mëttelfanger koum natierlech net zum Asaz, mee e sarkasteschen "Daumen hoch" kann och e Jil heiansdo net ënnerdrécken, genee esou wéi de Gil sech mat 11 Akafsproduiten an d'Kees vun de maximalen 10 Artikele stellt - kriminell!

Lauschtert hei déi nei Episod: