
© Eldoradio
3 Gaming Nerds sëtzen sech zesummen a philosophéieren doriwwer wat grad alles an der Gamingwelt geschitt. Zousätzlech dozou erzielen si iech wat all Mount am PS Plus ze kréien ass a wéi eng Pärelen sech all Mount am XBOX GamePass befannen. Wann dir dann och nach déi eng oder di aner Review héiere wëllt, da sidd dir beim Patrick alias "De Fette Petz um Netz", dem Mike alias Winmi an dem Marc alias Maic Orlofski genau richteg.
Episod 47 - PlayStation Showcase 2023
Mir hunn eis déi éischt PlayStation Showcase säit iwwer 600 Deeg ugekuckt. Konnt Sony domat en erfollegräiche Startschoss fir d'E3 Season ofginn? Mir laberen iwwer all dat Positiivt an dat Negatiivt vun dëser Presentatioun.
Lauschtert hei d'Episod: