
"Gamer Things" - Gamer Podcast a Vidcast an Engem
Dräi Gaming Nerds setzen sech zesummen a philosophéieren doriwwer wat grad alles an der Gamingwelt geschitt. Zousätzlech dozou erzielen si iech wat all Mount am PS Plus ze kréien ass a wéi eng Pärelen sech all Mount am XBOX GamePass befannen.
Wann dir dann och nach déi eng oder di aner Review héiere wëllt, da sidd dir beim Patrick alias "De Fette Petz um Netz", dem Mike alias Winmi an dem Marc alias Maic Orlofski genau richteg.
All zweete Sonnden erwaart iech dann hei eng nei Episod.
Lauschtert hei d'Episod
Episod 3: Special Guest T the Boss!
Mir hunn mol erëm eng Kéier eng schéin Special Episode fir iech. An zwar ass des Kéier den T the Boss zu Gaascht. An wat hien alles gären zockt a wat seng Liblingsspiller sinn, dat fannt dir hei bei Gamer Things eraus.