"Gamer Things" - Gamer Podcast a Vidcast an Engem

Dräi Gaming Nerds setzen sech zesummen a philosophéieren doriwwer wat grad alles an der Gamingwelt geschitt. Zousätzlech dozou erzielen si iech wat all Mount am PS Plus ze kréien ass a wéi eng Pärelen sech all Mount am XBOX GamePass befannen.

Wann dir dann och nach déi eng oder di aner Review héiere wëllt, da sidd dir beim Patrick alias "De Fette Petz um Netz", dem Mike alias Winmi an dem Marc alias Maic Orlofski genau richteg.

All zweete Sonnden erwaart iech dann hei eng nei Episod.

Lauschtert hei d'Episod

Episod 4: EA Play an UBISOFT Announcement (GONE WRONG) plus STEAM DECK
An dëser Episod diskutéiere mer déi dësjäreg EA Play, oder och "die vielleicht schlechteste (not-E3) Präsentation der Welt"? Ausserdeem schwäerme mer e bësse fir den nei ugekënnegte Steam Deck vu Valve, an allgemeng erfreeë mer eis drun endlech rëm mateneen kënnen ze laberen!
Vill Spaass!

Kuckt hei de Video 

Hei fannt dir déi dräi Gamer op Instagram