
© Eldoradio
"Gamer Things" - Gamer Podcast a Vidcast an Engem
3 Gaming Nerds setzen sech zesummen a philosophéieren doriwwer wat grad alles an der Gamingwelt geschitt. Zousätzlech dozou erzielen si iech wat all Mount am PS Plus ze kréien ass a wéi eng Pärelen sech all Mount am XBOX GamePass befannen.
Wann dir dann och nach déi eng oder di aner Review héiere wëllt, da sidd dir beim Patrick alias "De Fette Petz um Netz", dem Mike alias Winmi an dem Marc alias Maic Orlofski genau richteg.
All zweete Mëttwoch erwaart iech dann hei eng nei Episod.
Lauschtert hei d'Episod 20 - Blizzard penibel, Stanleys Dorfromantik en Hit
Wärend den Marc sech op den Apex Legends update freed an den Mike sech an daat rouegt Spill "Dorfromantik" verléift huet, schwätzen se iwwert d'Enttäuschung vun Overwatch2 an Warcraft-Arclight Rumble. En Äquivalent zu CnC Rivals. Dobäi kënnt nach, deen een oder aneren Spilltipp, Youtube Channel an Mod. Eranlauschteren lount sech, wéi ëmmer!