"Gamer Things" - Gamer Podcast a Vidcast an Engem

3 Gaming Nerds setzen sech zesummen a philosophéieren doriwwer wat grad alles an der Gamingwelt geschitt. Zousätzlech dozou erzielen si iech wat all Mount am PS Plus ze kréien ass a wéi eng Pärelen sech all Mount am XBOX GamePass befannen.

Wann dir dann och nach déi eng oder di aner Review héiere wëllt, da sidd dir beim Patrick alias "De Fette Petz um Netz", dem Mike alias Winmi an dem Marc alias Maic Orlofski genau richteg.

All zweete Mëttwoch erwaart iech dann hei eng nei Episod.

Lauschtert hei d'Episod 23:

State of Play a schonn erëm News zu Battlefield

Et ass erëm Zäit fir State of Play. A wéi dir warscheinlech scho wësst gëtt, et dann ëmmer vill ze schwätzen. An dat soll des Kéier net anescht sinn. Mee domat net genuch, mir kommen nach op eist Liblings-Thema ze schwätzen an zwar Battlefield 2022. Tja an wat eis déi éischt Season ze bidden huet, dat fannt dir hei an eiser neier Episod Gamer Things eraus.