"Gamer Things" - Gamer Podcast a Vidcast an Engem

3 Gaming Nerds setzen sech zesummen a philosophéieren doriwwer wat grad alles an der Gamingwelt geschitt. Zousätzlech dozou erzielen si iech wat all Mount am PS Plus ze kréien ass a wéi eng Pärelen sech all Mount am XBOX GamePass befannen.

Wann dir dann och nach déi eng oder di aner Review héiere wëllt, da sidd dir beim Patrick alias "De Fette Petz um Netz", dem Mike alias Winmi an dem Marc alias Maic Orlofski genau richteg.

All zweete Mëttwoch erwaart iech dann hei eng nei Episod.

Lauschtert hei d'Episod 23:

De Mike huet d'Steierrad an de Grapp geholl a fiert säitdem op der Pole Position vum Liewen. Dem Petz säi Gléck ass do scho méi op den 1000 Planéite vu Bethesda ze fannen. An a propos (?) weisou ass de Petz lo scho LVL 50 am Battlefield 2042? Ass dat Spill net meeeega null? Dat a villes méi haut bei Gamer Things