"Gamer Things" - Gamer Podcast a Vidcast an Engem

3 Gaming Nerds setzen sech zesummen a philosophéieren doriwwer wat grad alles an der Gamingwelt geschitt. Zousätzlech dozou erzielen si iech wat all Mount am PS Plus ze kréien ass a wéi eng Pärelen sech all Mount am XBOX GamePass befannen.

Wann dir dann och nach déi eng oder di aner Review héiere wëllt, da sidd dir beim Patrick alias "De Fette Petz um Netz", dem Mike alias Winmi an dem Marc alias Maic Orlofski genau richteg.

All zweete Mëttwoch erwaart iech dann hei eng nei Episod.

Episod 25 - Nei Releases: Stray an Quarry

D'Jongen vu Gamer Things schwätzen iwwert déi nei Releases: Stray an Quarry. Waart dir och op der Beerdegung vun Read Dead Online? Oder hudd dir iech schonn e Motiv fir äer Diablo 4 Tätowéierung erausgesicht? Den Mike ass op alle Fall net ganz ofgeneigt, sech dat Spill vu Blizzard gratis besuergen ze goen! Sou laang keng Microtransactions domadder a Verbindung stinn! Alles dat an der neier Episode Gamer Things!