
"Gamer Things" - Gamer Podcast a Vidcast an Engem
3 Gaming Nerds setzen sech zesummen a philosophéieren doriwwer wat grad alles an der Gamingwelt geschitt. Zousätzlech dozou erzielen si iech wat all Mount am PS Plus ze kréien ass a wéi eng Pärelen sech all Mount am XBOX GamePass befannen.
Wann dir dann och nach déi eng oder di aner Review héiere wëllt, da sidd dir beim Patrick alias "De Fette Petz um Netz", dem Mike alias Winmi an dem Marc alias Maic Orlofski genau richteg.
All zweete Mëttwoch erwaart iech dann hei eng nei Episod.
Nei Assassins Creed Spiller, eng Singleplayer Campaign fir Battlefield a KEE Co-op fir Halo Infinite
No de puer Specials an der Summervakanz, hunn sech eis 3 Gamer vill ze zielen. Lues awer sécher
kann een sech op d'Holiday-Season freeën, onbestridden déi bescht Zäit fir ze gamen.
Lauschtert eran an diskuteiert mat: