"Gamer Things" - Gamer Podcast a Vidcast an Engem

3 Gaming Nerds sëtzen sech zesummen a philosophéieren doriwwer wat grad alles an der Gamingwelt geschitt. Zousätzlech dozou erzielen si iech wat all Mount am PS Plus ze kréien ass a wéi eng Pärelen sech all Mount am XBOX GamePass befannen.

Wann dir dann och nach déi eng oder di aner Review héiere wëllt, da sidd dir beim Patrick alias "De Fette Petz um Netz", dem Mike alias Winmi an dem Marc alias Maic Orlofski genau richteg.

Episod 34 - Warzone 2.0, DMZ an wat gëtt wuel Game of the year 2022?

Warzone 2.0 ass erauskomm an elo muss natierlech doriwwer geschwat ginn. Dozou hu mir nach fir iech DMZ, Infos zu God of War an et deet sech eppes an der neie WoW Erweiderung .