
© Gamer Things / Eldoradio
"Gamer Things" - Gamer Podcast a Vidcast an Engem
3 Gaming Nerds sëtzen sech zesummen a philosophéieren doriwwer wat grad alles an der Gamingwelt geschitt. Zousätzlech dozou erzielen si iech wat all Mount am PS Plus ze kréien ass a wéi eng Pärelen sech all Mount am XBOX GamePass befannen. Wann dir dann och nach déi eng oder di aner Review héiere wëllt, da sidd dir beim Patrick alias "De Fette Petz um Netz", dem Mike alias Winmi an dem Marc alias Maic Orlofski genau richteg.
Episod 41 - WOLOLOOONG a SONS OF DEFOREST, zwou Releasen awer just ee Gewënner
Eis 3 Spilliste beschreiwen hir lëschteg Abenteuer am Survival-Horror Sons of the Forest, de Petz reegt sech iwwer de PC-Port vu Wo Long: Fallen Dynasty op, an aus engem klenge Rant gëtt eng philosophesch Metapher fir d'modernt Daten. Alles dat a vill méi an dëser Episod.
Vill Spaass a losst eis gäre Feedback hei, egal a wéi enger Form.
Lauschtert hei déi nei Episod: