
© Eldoradio
3 Gaming Nerds sëtzen sech zesummen a philosophéieren doriwwer wat grad alles an der Gamingwelt geschitt. Zousätzlech dozou erzielen si iech wat all Mount am PS Plus ze kréien ass a wéi eng Pärelen sech all Mount am XBOX GamePass befannen. Wann dir dann och nach déi eng oder di aner Review héiere wëllt, da sidd dir beim Patrick alias "De Fette Petz um Netz", dem Mike alias Winmi an dem Marc alias Maic Orlofski genau richteg.
Episod 46 - Redfall de beschte Lootershooter zënter Anthem
Den neien The Legend of Zelda steet an de Startlächer a mir gi scho mol ganz gär eis Prognosen dozou of. Mee leider hu mir net nëmmen schéin Themen dobäi. Well Redfall konnt net onbedéngt glänzen. Wat dann do alles schif gelaf ass an op wat mir eis bei The Legend of Zelda alles freeën, erzielen mir iech an dëser Episod.
Lauschtert hei d'Episod: