3 Gaming Nerds sëtzen sech zesummen a philosophéieren doriwwer wat grad alles an der Gamingwelt geschitt. Zousätzlech dozou erzielen si iech wat all Mount am PS Plus ze kréien ass a wéi eng Pärelen sech all Mount am XBOX GamePass befannen. Wann dir dann och nach déi eng oder di aner Review héiere wëllt, da sidd dir beim Patrick alias "De Fette Petz um Netz", dem Mike alias Winmi an dem Marc alias Maic Orlofski genau richteg.

Episod 50 - Summer-Vakanz ass Gaming-Zäit! Wat spillen?

De Mike an de Marc maachen sech Gedanken wat dann esou déi beschten a fetteste Spiller sinn, an déi ee kann an der Summervakanz erantauchen fir gutt ze profitéieren. Hunn se Spiller vergiess? Sot eis Bescheed!

Lauschtert hei d'Episod: