3 Gaming Nerds sëtzen sech zesummen a philosophéieren doriwwer wat grad alles an der Gamingwelt geschitt. Zousätzlech dozou erzielen si iech wat all Mount am PS Plus ze kréien ass a wéi eng Pärelen sech all Mount am XBOX GamePass befannen. Wann dir dann och nach déi eng oder di aner Review héiere wëllt, da sidd dir beim Patrick alias "De Fette Petz um Netz", dem Mike alias Winmi an dem Marc alias Maic Orlofski genau richteg.

Episod 54: GAMESCOM Review a STARFIELD / BALDUR'S GATE 3 Double Rpg Release

Eis kleng Summerpaus ass eriwwer, a wat gëtt et besseres fir di lescht Sonnestralen ze verjoe wéi di gréisste Gaming Convention op der Welt? Mir loossen d'Ukënnegunge vun der Gamescom Revue passéieren, a ginn eisen éischten Androck vu Starfield, dem neie Bethesda Blockbuster sou wéi och de Game of the Year Contender Baldur's Gate 3. An natierlech gëtt et och rëm de Fan-Favorite: Lëschtegt GEPLäNKEL! Vill Spaass a loosst eis gären äre Feedback hei.

Lauschtert hei déi nei Episod: