
© Eldoradio
Hautdesdaags probéiert iergendwéi quasi jiddereen, sech no baussen esou perfekt a feelerfräi ewéi méiglech ze weisen. D’Gesellschaft erlaabt dacks keng Feeler, obwuel d’Perfektioun net vun dëser Welt ass. Eng Approche déi vill Leit dozou bréngt sech bewosst oder onbewosst ze verstellen an deemno och onglécklech ze sinn, well bannendran si mer dach alleguer primitiv. Déi eng méi, déi aner manner.
A genau déi Primitivitéit loossen de Max an den Dani am Podcast eraus. Themen déi am Alldag fir Gespréich suergen, gräifen déi zwee op an thematiséieren déi op hir eegen Aart a Weis mat vill Witz a Gegecks. Déi zwee si Kapp an Aarsch, woubäi nach net kloer ass wien de Kapp ass. Dat bréngt mat sech, dass se vill zesummen erliewen, virun allem komesch an aussergewéinlech Situatiounen an déi se sech deemno och selwer era manövréieren.
Alles dat erwaart iech am Podcast Intensiv Primitiv.
All zweeten Donneschden kënnt eng nei Episod eraus.
Episod 21 – Déi kreativ Paus ass eriwwer
De Max an den Dani hu sech e bësse Luxus gegënnt an eng kreativ Paus ageluecht. Ma mat der neier Episod ass déi dann elo och offiziell eriwwer. Allenzwee hunn se d’Zäit ee bësse genotzt fir sech selwer ze verwierklechen. Erauskomm ass dobäi selbstverständlech näischt. Ma an deene vergaangen Deeg ass allerdéngs relativ vill passéiert, wat déi Zwee dann an dëser Episod revu passéiere loossen an dat natierlech op déi gewinnten, lëschteg an net alt ze serieux Aart a Weis. Vill Spaass beim lauschteren.