Hautdesdaags probéiert iergendwéi quasi jiddereen, sech no baussen esou perfekt a feelerfräi ewéi méiglech ze weisen. D’Gesellschaft erlaabt dacks keng Feeler, obwuel d’Perfektioun net vun dëser Welt ass. Eng Approche déi vill Leit dozou bréngt sech bewosst oder onbewosst ze verstellen an deemno och onglécklech ze sinn, well bannendran si mer dach alleguer primitiv. Déi eng méi, déi aner manner.

A genau déi Primitivitéit loossen de Max an den Dani am Podcast eraus. Themen déi am Alldag fir Gespréich suergen, gräifen déi zwee op an thematiséieren déi op hir eegen Aart a Weis mat vill Witz a Gegecks. Déi zwee si Kapp an Aarsch, woubäi nach net kloer ass wien de Kapp ass. Dat bréngt mat sech, dass se vill zesummen erliewen, virun allem komesch an aussergewéinlech Situatiounen an déi se sech deemno och selwer era manövréieren.

Alles dat erwaart iech am Podcast Intensiv Primitiv.

All éischten Donneschden am Mount kënnt eng nei Episod eraus.

Episod 3 - Rollingstone: Partie Scopa mam Bopa!

Ee Mount ass vergaangen nodeems de Max an den Dani op der Sich nom Stösi waren. An der Zäit huet sech bei deenen zwee e bëssen eppes (wéi) gedoen.

Niewent engem klengen Update wat alles passéiert ass huelen déi zwee iech mat an Italien op eng Partie ''Scopa''. Ee Spill bei deem virun allem déi italienesch Nonoen an Nonas sech gären an d'Hoer kréien a sech Schëmmel a Bless vernennen. Wat een iwweregens och op engem Video gesäit, deen de Max an den Dani an dëser Episod analyséieren.

D'Rees geet da vun Italien aus an d'USA op Wisconsin an de Rollingstone, een Duerf an deem viru méi wéi 100 Joer vill Lëtzebuerger ausgewandert sinn an haut nach ëmmer Lëtzebuergesch geschwat gëtt.